Eis Kultur an eis Sprooch gin net ënner! Kulturen an Sproochen stin säit Eiwegkeeten an Kontakt mateneen a befannen sech am stännegen Wandel. Ween si als onveränderlech Konstant opfaasst, deen huet hiert Wiesen net verstaan. Dat wat de Nationalist statesch als “Letzebuergesch” bezeechnet ass soss näicht wéi een Konstrukt.

Wichteg an enger Gesellschaft sin d’Motivatioun vun den Mënschen sech ze bedeelegen, sech auszetauschen an zesmmen ee gudd Liewen fir jiddereen unzestriewen. Integratioun ass keng Einbahnstroos, mee eng Aufgab fir béid Säiten, un där een zesummen wuesen kann an dann hun och béid Säiten eppes dovun. Dat “Lëtzebuergescht” geet dobäi net ënner oder verluer wéi oft behaapt, mee et wandelt sech, genausou wéi dKultur déi d’Auslänner matbréngen sech och wandelt an deem Prozess.

Statistik weist wat Awanderer méi laang hei sin, wat dWahrscheinlechkeet klëmmt dat se Lëtzebuergesch schwätzen, wat bei der Generatioun dono souwiesou de Fall ass. Awanderer di nach net sou lang am Land sin an/oder och net kloër ass ob se lang hei bleiwen, entscheeden sech aus rationellen an zäitlechen Grënn fir d’éicht mol Franséich, Englësch oder Däitsch ze léieren, ganz einfach well dat op der Aarbecht méi gebraucht get. Dat sin rationell Entscheedungen, an keng geent Lëtzebuerg oder dLëtzebuergescht.

Weltënnergangsszenarien sin net ubruecht: DLetzebuergech Coursen sin ausgebucht, et schwätzen haut souvill Leit Lëtzebuergesch wi nach ni an virun an geschriwwener Form erfreet sech dSprooch enger grousser Beléiwtheet!

Leave a comment